Foto Ausfluch bei Narzissen zu Leellgen

  • Wann
    Samstag 29.03.2025 08:30 - 12:00
  • Ort
    Lellgen
  • Typ
    Klubversammlungen a Sortien
  • Text

       Léif Naturfoto-Frënn

       Wéi mer alleguer dëst Joer gemierkt hunn ass Fréijoer zäiteg un, an domadder och Vegetatioun. Dat bréngt mat sech dass mer eis geplangte Sortie bei Narzissen zu Lellgen mussen eng Woch méi fréi maachen. Blummen si schonn voll an der Bléi an de Risiko deemno grouss dass et op dem geplangten Datum am Abrëll et ze spéit ass. Mir fannen eis de 29.Mäerz em 8:30 um Parking vun der aller Kontrollstatioun. De Parking ass liicht fannen well en direkt laanscht Haaptstrooss (CR 324). Vun do aus gi mer ca. 1,5 km zu Fouss bis op Plaz bei Blummen. 

    Et ass normal dass mer keng Blumme plécken dierfen an onbedéngt och um Pad bleiwen. Als Naturfoto-Frënn hu mir Natur gär a mir fotograféiere gär, dofir respektéiere mer Natur an déi Gesetzer déi se protegéieren, Merci fir äert Versteesdemech.

    de Kommitee vun der LNF