LNF Generalversammlung
-
WannMittwoch 13.03.2024 19:30 - 21:30
-
OrtHvN Kockelscheier
-
TypKlubversammlungen a Sortien
-
TeilnehmerAktive Mitglieder
-
Text
Generalversammlung 2024
Invitatioun op d'Generalversammlung vun de Lëtzebuerger Naturfoto- Frënn LNF
Heimat sidd Dir häerzlech op d'Generalversammlung vun der LNF invitéiert. D'Versammlung ass Mëttwochs den 13.Mäerz 2023 ëm 19h30 am HvN op der Kockelscheier.
Dagesuerdnung:
-Begréissung vum President
-Aktivitéitsrapport vum Joer 2023
-Keesserapport 2023
-de Bericht vun de Keeserevisoren
-Entlaaschtung vum Kommitee
-Deelweis Neiwalen vum Kommitee, dëst Joer trieden aus a sinn erëmwielbar: Steichen Marc, Forster Georges, Weyer Henri.
-Kandidature fir an de Kommitee opgeholl ze ginn, sinn dëst Joer bis den 10.Mäerz per Mail op info@lnf.lu eranzeschécken.
-Festleeë vun der Cotisatioun 2025
-Wielen vun de Keesserevisoren
-Ausbléck op ons Aktivitéiten 2024
-Fräi Aussproch
An der Generalversammlung 2023 hu mer unanime festgehalen, dass déi Memberen, déi eng Licence vun der FLPA hunn vun 2024 un hier Licence (5.-€ ) selwer bezuelen mussen.
Dës Licence ass just néideg wann Dir gäre bei de Concourse vun der FLPA matmaacht.
Dir kënnt fir d'Cotisatioun 2024 elo wielen:
-
15.-€ ( Member ouni Licence FLPA )
-
20.-€ ( Member mat Licence FLPA )
Mir bieden Iech den zoutreffende Betrag virum 31. Mee 2024 op den CCPLLULL LU 02 1111 1266 2136 0000 vum LNF ze iwwerweisen, mam Vermierk "Cotisatioun 2024". Villmools Merci!
No der G.V. offréiere mer nach e Patt a Geknabbers, woubäi mer dann déi beschte Geleeënheet hunn eis ze ënnerhalen !!!
Mat beschte Gréiss
De Kommitee vun der LNF
Wichteg: Net laanscht d'Strooss parken, maacht wgl. Fuergemeinschaften!!!
-