Bildbespriechung
-
WannDonnerstag 07.09.2023 19:30 - 21:30
-
OrtHvN Kockelscheier
-
TypKlubversammlungen a Sortien
-
TeilnehmerAktive Mitglieder
-
Text
Léif Memberen
De Summer ass souwäit eriwwer a mir starten an dat leschten Drëttel vum Joer, dat maache mer mat enger Bildbespriechung. Jiddereen bréngt op engem USB-Stick maximal 4 (véier) Biller mat, déi mer dann zesummen kucken an driwwer diskutéieren. Biller kopéiert der als Jpeg am RGB oder s'RGB Farfraum an op 1920 Pixel op der grousser Säit. Vergiest net Biller ze bezeechnen mat enger Nummer vun 1 bis 4, äerem Numm a Virnumm an och engem Titel. Mir freeën eis drop iech no der Summervakanz nees ze begéinen.
De Kommitee