> Zurück

Nei LNF-Expo Best of 2018

Wann: Montag 10.09.2018 20:00-20:00
Typ: Klubversammlungen a Sortien
Ort: Steesel An der Galerie
Teilnehmer: Aktive Mitglieder

Léif Lëtzebuerger Naturfoto-Frënn,

Wéi all Joer maache mir eng Ausstellung mat de beschte Biller vun onse Memberen. Jiddereen kann maximal 4 véiër Biller eraschécken, fir sech ze bedeelegen. Dëst Joer ass de Vernissage zu Steesel an der Galerie an zwar den 23.November 2018. Eng Invitatioun mat allen Detailer kennt zur richteger Zäit no. Dofir froen mir iech ons är beschte Biller iwwer WeTransfert.com un fgrasges@pt.lu ze schécken. W.e.g. keng Fotoen mat normaler Mail erareechen. Biller solle folgend Format hunn :

-eng Opléisung vun min.3000 Pixel (op der grousser Säit). Oder a voller Opléisung
-als Jpg am sRGB
-ärer Preferenz no vun 01-04 nummeréiert
-max. 4 Biller pro Auteur
-am Format 3:2 oder 4:3

esou sollen se bezeechent sinn : Numm_Virnumm_Preferenznummer_Titel vum Bild.jpg

als Beispill : Müller_Claude_01_Island.jpg

Nach eng Bemierkung, de Comité ass ee puermol ugeschwat ginn fir Biller an aner Formater, wéi z.b.16/9 1:1 asw. unzehuelen. Aus puer Grënn gesinn mir dovun of, mir missten dann allekéier nei Passepartouen schneiden wat mat vill Aarbecht verbonnen ass a vir de Veräin ee gewëssen finanziellen Opwand duerstelle géif. Ausserdeem presentéiert eng Expo sech méi flott wann se an deene selwechte Gréissten a Rummen ophänkt.

Nach een zweete Wonsch wollte mir iech mat op de Wee ginn. Besonnesch bei der leschter elo nach aktueller Expo ass opgefall datt Fotoen vu Vigel Majoritéit huet. Aus dem Gronn froe mir iech méi eng weitgefächert Selektioun vun äre Fotoen ze maachen. Mir sinn iwwerzeegt dir hutt och flott Biller vu Mamendéieren, Insekten, Planzen, Landschaften asw.

WICHTEG : Fotoen mussen bis spéistens den 10.September 2018 dobanne sinn. Merci.

UPDATE !
Mir sichen aus dene Biller déi der eis eraschéckt der 20 eraus fir als Klub bei der Coupe du Monde vun der FIAP matzemachen (max. 2 Biller pro Auteur).
Wann een nët averstanen ass dass seng Biller mat ageschéckt gin, oder wann der eventuell scho mat engem anere Klub bei der Coupe du Monde matmacht, da sot w.e.g. Bescheed mat engem Email un info@lnf.lu.

De Comité wënscht iech eng glécklech Hand beim Auswielen a Preparéieren vun äre Biller.

Paul Wagner LNF-Sekretär  

.ics-Datei laden (Termin zu Outlook oder iCal hinzufügen)