> Zurück

Fotosortie an de Mëllerdall n°1

Wann: Samstag 15.05.2021 07:00-12:00
Typ: Klubversammlungen a Sortien
Ort: Berdorf Perekop CR 364
Teilnehmer: Aktive Mitglieder

Léif Naturfoto-Frënn

  De Samsdeg 15.Mee 2021 machen mir ee Fotoausfluch an de Mëllerdall. Onse Programm fir déi éischt Hallschent vun dësem Joer gesäit fir dass mer zwou Sortien an des flott Géigend vum Land man. Déi zweet Sortie ass fir den 12.Juni virgesinn, op eng anner Plaz. Dann am Juli wëlle mer eng Bildbespriechung iwwert ons Fotoen vun dësen zwou Sortien man. Warscheinlech mussen mer dat online iwwer Teams man, mir waarden of wéi sech Situatioun betreffend der Pandemie bis dohinner weiderentwéckelt.

   Mir treffen eis em 7h00 um ënneschten Parking beim Perekop laanscht Strooss CR 364. Dat ass Strooss vu Berdorf erof op Iechternach. Am Unhang fann der all Informatiounen dës Plaz ze fannen. Dësen Parking ass méi grouss wéi den beim Perekop selwer. Den Eck vum Perekop gouf erausgesicht, well mer do verschidden Méiglechkeeten hunn fir eis opzedeelen.

   Wichteg: selbstverständlech bréngt nees jiddereen seng Mask mat a mir hallen den néidegen Ofstand vun eneen. Dat huet bei der Sortie zu Steesel gutt geklappt! Merci un all déi wou derbäi waren! W.e.g. Mell iech och un andeem der uewen op dëser Säit op de grénge Knäppchen klickt.

Mat beschte Gréiss

de Kommitee

 

 

.ics-Datei laden (Termin zu Outlook oder iCal hinzufügen)