> Zurück

Mëllerdall

Wann: Samstag 10.10.2020 14:00-18:00
Typ: Klubversammlungen a Sortien
Ort: BERDORF
Teilnehmer: Aktive Mitglieder

 Mir sinn komplett, et hunn sech 10 Leit gemellt! Aus dem Grond kenne mir keng Umeldungen méi unhuelen. Mir hoffen op ärt Versteesdemech. Wann dir Interessi hutt emol sou eng Sortie matzeman,da schreift eis kuerz ee klenge Mail op info@lnf.lu . Wann genuch Nofro ass dann organiséieren mir een zweeten Tour.

Léif Memberen

   Wéi dir alleguer wësst hate mir 2020 mat engem ambitiéise Programm ugefaangen. Virun allem sollt de 25. Gebuertsdag vun der LNF ganz grouss eraus stiechen. Leider sollt et anescht kommen a mir hunn missen alles ofsoen. No onser Generalversammlung am Mäerz konnte mir keng Aktivitéit méi duerchféieren. Hannert de Coulisen hu mir awer monter weider geplangt a geschafft mat de Preparatiounen fir Zukunft. Sammelen vu Fotoen fir déi kommend Fotoausstellung gouf an Ugrëff geholl. Dir hutt gutt matgemaach an de Comité well des Geleeënheet notzen, an all deenen vun iech ee grousse Merci soen déi Biller fir déi nächst Fotosausstellung erageschéckt hunn. Een Datum fest ze leeën fir d'Ausstellung ze presentéieren, mat wéi gewinnt engem flotte Vernissage asw. ass schwiereg a vill ze fréi! D'Virschrëften betreffend Pandemie, wou sollen a mussen respektéiert ginn an déi doduerch reduzéiert Zuel vun Leit verhënneren et, Vernissagen, Reuniounen mat Projektiounen an Bildbespriechungen ze maachen. Fir datt mir ons Kontakter net total verléieren, siche mir no neien Méiglechkeeten zesummen aktiv ze bleiwen. Aus all dësen Ursaachen setze mer op Aktivitéiten dobaussen an der frëscher Loft, och wann heibäi Ofstand an eng begrenzten Zuel vu Leit berécksiichtegt wëlle ginn.

   Sou kennt et dass mir den 10.Oktober eng geologesch Wanderung an de Mëllerdall maachen. Ënnerwee kenne mir selbstverständlech och fotograféieren, den Haaptpunkt gëllt awer der Geologie. De R.d.V. ass em 14h00 zu Berdrëf (Berdorf) virum Camping Maartbësch(rue Beim Maartbësch). Den Tour dauert 2 bis 3 Stonnen a gëtt geleet vun der Dr.Birgit Kausch, Geologin beim Natur-a Geopark Mëllerdall.

WICHTEG: dir musst iech onbedéngt umellen bis spéitstens den 26.September ,well et gëllt eng begrenzten Zuel(10 Persounen max.) vu Participanten. Macht dat andeem dir uewen op dee klengen gréngen Buton dréckt. Ass Zuel erreecht setze mir datt an de Kalenner. Sollt den Interessen grouss sinn organiséieren mir gär eng zweet Sortie fir ee spéideren Datum. Op lnf.lu kann een einfach am Kalenner op der lénker Säit nokucken andeem een op den Datum vun dëser Sortie klickt. Fest Schong sinn onbedéngt unzeroden a vergiest net eng Mask matzebréngen!

Mat beschte Gréiss

De Comité

 

 

.ics-Datei laden (Termin zu Outlook oder iCal hinzufügen)