> Zurück

OPRUF fir ons nei Expo Best of LNF 2020

Wann: Freitag 31.07.2020 00:00-23:45
Typ: Klubversammlungen a Sortien
Ort:
Teilnehmer: Aktive Mitglieder

 

                           

 

Opruf fir ons nei "Expo Best of LNF 2020"

Léif Lëtzebuerger Naturfoto-Frënn

Trotz Corona-Pandemie schaffen mir weider mat engem décke Pak Optimismus un de Preparatiounen vun onsem Naturfoto-Festival am kommenden November. Dofir hei den Opruff wéi all Joer, fir Biller eran ze schécken. Dëst Joer besteet net nëmmen Geleeënheet är Fotoen an der Ausstellung ze weisen, se kennen och an déi vun ons geplangten Beamer-Show afléissen. Aus dem Grond kann jiddereen dës Kéier 8 (aacht) Fotoen bäisteieren, sou vergréissert sech Chance eng richteg flott Expo a Beamer-Show ze maachen.

 

Fotoen mussen dëst Format hunn :

- am beschten a voller Opléisung, mindestens awer 3000 pix. op der grousser Säit.

- als Jpg am sRGB mat 300 dpi.

- Se sollen am Format 3:2 oder 4:3 sinn, op kee Fall an engem anere Format !!!

- esou ginn se bezeechent : Numm_Virnumm_Nummer_Titel vum Bild.jpg

                       Als Beispill : Hoffmann_Anne_01_Bläuling.jpg

- Dëst Joer maximal 8 (aacht) Fotoen pro Auteur, an nummeréiert vun 01 bis 08

- Biller schéck dir bis spéitstens den 31.Juli iwwer WeTransfer.com un best-of@lnf.lu

Nëmmen iwwert dëse Wee kennen Biller ugeholl ginn. Op kee Fall Biller iwwer Mail oder op -info@lnf.lu- eraschécken !!!

 

Wichteg: mir weisen ausdrécklech dorobber hin, datt nëmmen Naturfotoen gebraucht ginn! Dat bedeit op de Biller dierfen keng Objeten vu mënschlecher Aktivitéit wéi Häiser, Stroumleitungen, Stroossen, Clôturen an der Landschaft asw.drop sinn. Et mußen och Planzen an Déieren sinn déi frei an der Natur liewen,wat bedeit keng Hausdéieren an keng Gaardeblumen! Kenn dir WeTransfer.com nach net, hei een Tipp kuckt op „youtube“ ,a sicht ënnert wetransfer grosse Dateien versenden. Dir wert gesinn et ass net schweiër.

Nach eng Bemierkung : sollten déi momentan Beschränkungen duerch den Covid-19 et verhënneren datt onsen Festival statt kann fannen,verleeën mir déi ganz Organisatioun op ee spéideren Zäitpunkt. Mir sinn awer optimistesch datt et klappt. Loost iech also net dovunner ofbréngen är Billerselektioun eran ze schécken. Mir wënschen vill Freet beim selektionéieren vun äre Biller a soen Merci wann dir matmaacht.

Mat beschte Gréiss

de Comité

 

.ics-Datei laden (Termin zu Outlook oder iCal hinzufügen)