> Zurück

Foto-Ausfluch

Wann: Mittwoch 08.07.2020 18:30-21:30
Typ: Klubversammlungen a Sortien
Ort: Biisser Weiheren
Teilnehmer: Aktive Mitglieder

                                              

Leif Memberen

Mir hoffen dir an är Famille sidd gutt a gesond duerch déi schwiereg Zäit vun den leschte Méint komm. Mir wëllen ons Aktivitéiten souwäit et méiglech ass erëm ophuelen. Dobannen sinn Veräinsversammlungen fir de Moment nach net méiglech awer an der frëscher Loft dobaussen an der Natur kenne mer ons begéinen a Fotoen maachen. Dat entsprécht jo och dem Sënn vun onsem Club. Heimat sidd dir alleguer häerzlech invitéiert op eis Sortie bei Biisser-Weiheren, den 08.Juli em 18h30. Fir déi vun iech déi nach ni dowaren eng kleng Weebeschreiwung. Egal wéi dir op Biissen kommt passéiert dir Kräizung mat de roude Luuchten, hei fuer der dem Schëld chapelle St.Roch(weiss), an de klenge grénge Schëlder mam Hirsch drop no, bis op de leschte klenge Parking bei de Weiheren am Bësch.

N.B. Mir maachen kee Pick-Nick dëst Joer, awer jiddwereen kann sech Geknabbers a Gedréings matbréngen! Och un déi néideg Ofstänn wëlle mir ons halen(2m), a bréngt w.e.g. fir de Fall vun de Fäll och eng Mask mat. Da kann kee eppes vun eis wëllen, Merci.

Mir erënneren och un den Opruff fir Biller fir déi geplangten Expo „Best of LNF 2020“. Dat leeft weider wéi geplangt, mir sammelen Biller, se ginn selektionéiert, gedréckt an agerummt fir datt d'Expo fäerdeg ass wa mir kennen eng Ausstellung ënnert normalen Konditiounen ofhalen. Dat heescht mat Vernissage a keng begrenzten Zuel vu Visiteuren an der Galerie. Ouni Vernissage an ouni Gedankenaustausch mateneen mëcht déi vill Aarbecht kee Sënn. Eng enttäuschend Nooricht hu mir leider och. De geplangten Naturfoto-Festival am November ass verréckelt op 2021 mat bis elo onbestëmmtem Datum. Et ass dem Comité schwéier gefall dëse Schrëtt ze maachen awer well nach alles zimmlech onsécher ass,wéi et weider geet hu mir et fir méi verstänneg a responsabel fonnt de Festival an normal Zäiten ze leeën. De Comité hofft op äert Versteesdemech.

Fir déi kommend Méint informéieren mir iech allekéier mat enger Info iwwert ons Aktivitéiten.

Mat beschte Gréiss

Paul Wagner

 

 

 

.ics-Datei laden (Termin zu Outlook oder iCal hinzufügen)