LNF-Generalversammlung 2022 online
-
WannMittwoch 09.03.2022 19:30-21:00
-
Ort
-
TypKlubversammlungen a Sortien
-
.ics-Datei laden (Termin zu Outlook oder iCal hinzufügen)
GENERAL VERSAMMLUNG
Invitatioun op Generalversammlung vun den Lëtzebuerger Naturfoto-Frënn LNF
Heimat si dir häerzlech op Generalversammlung vun der LNF invitéiert. Versammlung ass Mëttwochs den 09.Mäerz 2022 em 19h30. Leider gesi mir eis och dëst Joer nees gezwongen GV online ze maachen. De Link kritt der per Mail fir un der Versammlung deel ze huelen.
Dagesuerdnung:
-Begréissung vum President
-Aktivitéitsrapport fir Joer 2021
-Keeserapport 2021
-de Bericht vun de Keeserevisoren
-Entlaaschtung vum Kommitee
-Deelweis Neiwalen vum Kommitee, dëst Joer tréiden aus a sinn erëmwielbar: Marc Steichen,
Forster Georges, Weyer Henri. De Fernand Lommer erneiert säi Mandat net méi.
-Kandidaturen fir an de Kommitee opgeholl ze ginn, sinn dëst Joer bis den 08.Mäerz per Mail op
info@lnf.lu eranzeschécken.
-Festleeën vun der Cotisatioun 2023
-Wielen vun de Keeserevisoren
-Ausbléck op ons Aktivitéiten 2022
-Fräi Aussproch
Mat beschte Gréiss
De Kommitee vun der LNF