LNF-Generalversammlung
-
WannMittwoch 08.03.2023 19:30 - 22:00
-
OrtHaus vun der Natur Kockelscheier
-
TypKlubversammlungen a Sortien
-
TeilnehmerAktive Mitglieder
-
Text
General Versammlung 2023
Invitatioun op Generalversammlung vun den Lëtzebuerger Naturfoto- Frënn LNF
Heimat si dir häerzlech op Generalversammlung vun der LNF invitéiert. Versammlung ass Mëttwochs den 08.Mäerz 2023 em 19h30 am HvN op der Kockelscheier.
Dagesuerdnung:
-Begréissung vum President
-Aktivitéitsrapport fir Joer 2022
-Keeserapport 2022
-de Bericht vun de Keeserevisoren
-Entlaaschtung vum Kommitee
-Deelweis Neiwalen vum Kommitee, dëst Joer tréiden aus a sinn erëmwielbar: Gloden Raymond, Schockweiler Rol, Wagner Paul.
-Kandidaturen fir an de Kommitee opgeholl ze ginn, sinn dëst Joer bis den 07.Mäerz per Mail op info@lnf.lu eranzeschécken.
Den aktuelle Kommitee wier frou wann sech Memberen géifen mellen fir an de Virstand opgehol zeginn.
-Festleeën vun der Cotisatioun 2024
-Wielen vun de Keeserevisoren
-Ausbléck op ons Aktivitéiten 2023
-Verschidenes an fräi Aussproch
Léif Memberen, och mir wëllen mat der Zäit goen an schécken eis Invitatioun fir Generalversammlung als E-Mail. De Virement fir äer Cotisatioun ze iwwerweisen gellt als Memberskaart. Domat spueren mir Pabeierressourcen, Portokäschten an Zäit mir hoffen op ärt Versteesdemech. Dofir hei den Opruf är Cotisatioun vun 15€ op onsen Konto:
CCPLLULL LU 02 1111 1266 2136 0000 ze iwwerweisen, mam Vermierk Cotisatioun 2023.
Merci.
Mat beschte Gréiss
De Kommitee vun der LNF
Opgepasst, parkt äer Autoen net laascht Strooss.
Macht souwäit et geet Fuergemeindschaften! Merci.