> Zurück

LNF-Clubowend vum 14.Februar 2018 - Besuch vum GAPHE Hayange bei den LNF

Wann: Mittwoch 14.02.2018 19:30-22:00
Typ: Klubversammlungen a Sortien
Ort: Haus vun der Natur Kockelscheier
Teilnehmer: Aktive Mitglieder

LNF-Clubowend vum 14. Februar 2018

De 14.02. kommen eis Kollegen vum GAPHE (Groupement des Amateurs Photographes de Hayange et Environs) eis hire Club an hir Aarbecht virstellen.

De GAPHE ass e 70 Joer jonke Club mat enger ganzer Rei gudden Naturfotografen an Diaporama Spezialisten.

An der Franséischer Federatioun sinn si an der Coupe de France an de Kategorien Nature Papier, Nature Image Projetée an Couleur Papier an am National 1 an de Kategorien Image Projetée, Monochrome Papier, Monochrome Image Projetée an Audiovisuel.

Esou vill sief elo scho verroden, si hunn extra fir dësen Owend Projektiounen mat hire beschte Biller preparéiert.

En Owend den also keen sollt verpassen.
 
 
 

 

.ics-Datei laden (Termin zu Outlook oder iCal hinzufügen)